Kultur
Klimahysterie: Unwort des Jahres 2019
An dëser Zäit, an där d'Naturkatastrophen ëmmer méi heefeg ginn, réckelen natierlech Diskussioune ronderëm de Klima ëmmer méi an de Mëttelpunkt. An dat huet och Repercussiounen op d'Sprooch, wéi mer elo en aktuellt Beispill an Däitschland hunn. Déi sprooch-kritesch Aktioun huet nämlech d'Wuert Klimahysterie viru Kuerzem als Unwort des Jahres 2019 gewielt. Zanter 1991 wielt d'sprooch-kritesch Aktioun an Däitschland d'Unwort des Jahres a wëltl op en net-adaptéierte Gebrauch vu Sprooch sensibiliséieren. De Jean Claude Majerus informéiert.