Kultur
"Sitting for decades" mam Patrick Muller
Den amerikanesche Komponist a Klangkënschtler Alvin Lucier, Joergang 1931, huet zanter den 1960er déi Nei Musek revolutionéiert. Vläicht hutt Dir schonn emol eppes vu sengem Wierk "I'm Sitting in a Room" héieren? Dofir huet de Lucier eng vun him geschwaten Tounopnam an engem Raum ofgespillt a gläichzäiteg eng Opnam dovu gemaach. Déi gouf nees ofgespillt an opgeholl, an ëmmer esou weider, bis just nach d'Raumakustik an net méi d'Stëmm ze héiere war. Fir de 50. Anniversaire vum Wierk invitéiert de Soundkënschtler Patrick Muller op e Lucier-Homage an de Casino. Explikatioune vum Kerstin Thalau.