Kultur
Industriekultur a Konzept vum Centre national de la Culture industrielle
En Konzept fir en nationalen Zenter fir Industriekultur an d'asbl Industriekultur-CNCI: dat waren die zwee grouss Volet'en vun der Pressekonferenz gëschter Moien zu Téiteng an der Schungfabrik.
Omen est Nomen, d'Fabrikatioun vu Schong op lëtzebuerger Buedem ass een klengen Deel vun enger ganz räicher Industrie die d'ekonomesch Entwecklung vun de leschten 2 Joerhonnert zu Lëtzebuerg kannt huet. Vill vun dëser Industrie bleiwt awer éischter an eenzelnen Initiativen erhalen, an deeler riskéiere verluer ze goen.
Nët ëmsoss ginn et scho mie laang Beméihungen fir e professionnelle Réseau zwëschen de verschiddenen Akteuren ze schaafen, an sou deen industrielle Patrimoine vum Land nët an de Vergiess geroden ze loossen.
Gëscht de Moien gouf d'asbl Industriekultur-CNCI an de Konzept vum Nationalen Zenter fir Kulturindustrie virgestallt.