arrow_back_ios
Retromania
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden
Willy Millowitsch: "E Kölsche Jung"
De Kölner Schauspiller, Sänger a Fuesgeck Willy Millowitsch ass virun 25 Joer am Alter vu 90 Joer gestuerwen.
Sophia Loren: Eng Diva kritt 90 Joer
Genee haut an enger Woch, den 20 September, feiert en italieenesche Weltstar, eng vun de leschte groussen Divaen hiren 90. Anniversaire: d’Sophia Loren.
Barry White: Erotik an der Stëmm
D’Soul-Legend Barry White ass de 4. Juli 2003 am Alter vun 58 Joer gestuerwen an haut (12.9.) hätt hien 80 Joer kritt.
Elia Kazan: En ëmstriddene Cineast
De 7. September gouf un dem amerikanesche Cineast Elia Kazan säin 115. Anniversaire geduecht. Gestuerwen ass hien den 28. September 2003 am Alter vu 94 Joer.
Helmut Rahn: Den Held vu Bern
De “Boss” Helmut Rahn hätt de 16. August dëst Joer 95 Joer kritt. Hien ass de 14. August 2003 no laanger Krankheet zwee Deeg viru sengem 75. Gebuertsdag zu Essen gestuerwen.
Joseph Conrad: Marin an Auteur
Dee polnesch-britteschen Auteur Joseph Conrad ass den 12. August 1924, viru ronn 100 Joer, zu Canterbury gestuerwen.
Pat Metheny: Ee vun de Groussen op der Jazz-Gittar
Den Jazz-Guitarist Pat Metheny, deen net manner wéi 20 Grammy Awards huet, krut am August dëst Joer 70 Joer.
D'DDR-Kult-a Rock -Band Puhdys
Viru 55 Joer huet déi fréier DDR-Rockband hiren éischte Concert. Just hire Sänger Dieter Maschine Birr ass haut nach ëmmer aktiv, an dat mat 80 Joer, déi hien am Mäerz dëst Joer krut.
1969 gouf den Internet lancéiert
Viru 55 Joer am Hierscht war d‘Gebuertsstonn vum Internet. Eng Technologie, déi mir eis haut net méi ewech denke kënnen.
D'Currywurscht kritt 75 Joer
Am Retromania feiere mer déi Kéier de Currywurscht-Gebuertsdag an de Jean Claude Majerus huet sech mat der Geschicht vun der Currywrscht beschäftegt.
Peter Scholl-Latour: De groussen däitsche Krichsreporter
Deen däitschen Journalist an Auteur ass virun 10 Joer am August 2014 am Alter vu 90 Joer gestuerwen.
Godfried John: De sympathesche Béisen am Film
Den däitschen Acteur Godfried John ass den 1 September viru 10 Joer am Alter vun 72 Joer gestuerwen.
Germaine Damar: E Mënsch mat ganz vill Liewensfreed
D’Lëtzebuerger Actrice an Dänzerin Germaine Damar kritt haut um 31. August 95 Joer.
Mark Knopfler: E grousse Virtuos op der elektrescher Gittar
Den Dire-Straits-Museker an Aussnamegittarist Mark Knopfler krut dësen 12. August 75 Joer.
Francoise Hardy: Eng Ikon vun der franséischer Chanson
Déi franséisch Sängerin a Songwriterin Françoise Hardy ass den 11. Juni dëst Joer am Alter vun 80 Joer gestuerwen.
"The Summer of Love"
Am Fong sollt domat e Liewensgefill beschriwwe ginn, wéi den Hippie-Mouvement et virun allem zu San Francisco duerch 1960er Jore gelieft huet.
Heidi Kabel: En Hamburger Original
De 15. Juni 2010 ass d‘Heidi Kabel am Alter vu 95 Joer zu Hamburg gestuerwen. Déi wuel populäersten däitsch Vollekstheateractrice koum de 27. August 1914, och zu zu Hamburg, op d’Welt.
D'Rout Luuchten ginn et zanter 110 Joer
D'Rout Luuchten reegelen all Dag de Verkéier fir Milliarde vu Mënschen.