arrow_back_ios

Retromania

100komma7.lu / Retromania

/ Fernand Fox: "De Fern ass net méi do"

Fernand Fox: "De Fern ass net méi do"

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

13 min

De Fernand Fox ass dout. En Dënschdeg koum d’Nouvelle, datt dee beléifte Lëtzebuerger Sänger an Acteur am Alter vun 90 Joer gestuerwen ass.

Den Theater, de Film, de Variété, also am Fong den Divertissement zu Lëtzebuerg huet elo mam Foxe Fern ee vu senge ganz Grousse verluer. Den Acteur a Sänger huet mat senge Lidder, Sketcher a sengem komeschen Talent, et kann ee roueg soen, Generatioune vu Leit vill Freed gemaach, mee hie wosst dernieft awer och a méi eeschte Rollen ze iwwerzeegen.

De Fernand Fox hat vill verschidde Facetten, et erënnert ee sech sécher u seng Assurance-Reklammen zesumme mam Marc Olinger, seng Rollen an den Andy Bausch-Filmer, oder wann ee méi wäit zeréckgeet, u seng Optrëtter am Kasemattentheater zesumme mam Tun Deutsch.

De 26. Januar dëst Joer huet de Fernand Fox nach säin 90. Anniversaire konnte feieren, an elo ass hien dës Woch gestuerwen.

Et war scho méi roueg gi ronderëm hien an de leschte Joren, mee fir ëmmer huet een d’Bild vun him virun Aen, wéi hien do steet, natierlech mat der Zigarett am Grapp, an op seng Manéier ze schmunzen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Umberto Eco: Den Auteur vun "Ill Nome della Rosa"

Deen italieeneschen Auteur vun “Im Namen der Rose” ass virun 10 Joer am Alter vu 84 Joer zu Mailand gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow

Peter Alexander: Ee vun de groussen Entertainer

Den 12. Februar 2011 ass de groussen Entertainer Peter Alexander am Alter vu 85 Joer gestuerwen ass, viru 15 Joer deemno.
headphones

8 min

play_arrow

James Dean: Mam sengem Doud gouf eng Legend gebuer

De James Dean ass haut op den Dag viru 95 Joer den 8 Februar 1931 a op d’Welt komm. E jonke Schauspiller dee schonn éier en Erwuesse war zu enger Legend ginn ass.
headphones

8 min

play_arrow

Bill Haley: E Pionéier vum Rock'n'Roll

Viru 45 Joer ass de Bill Haley am Alter vu 55 Joer gestuerwen, e Museker deen den Takt vun enger ganzer Generatioun verännert huet.
headphones

7 min

play_arrow

Joseph Beuys: "Jeder Mensch ist ein Künstler"

Deen däitschen Aktiounskënschtler, Sculpteur, Zeechner, Konschttheoretiker, Pedagog a Professer ass den 23. Januar 1986 am Alter vu 64 Joer a sengem Atelier gestuerwen.
headphones

10 min

play_arrow

Catarina Valente: Eng Allround-Kënschtlerin

D‘Sängerin, Dänzerin, Gittaristin, Actrice a Entertainerin hätt de 14. Januar dëst Joer 95 Joer kritt, si ass den 9. September 2024 am Alter vun 93 Joer zu Lugano gestuerwen.
headphones

8 min

play_arrow

Marc Olinger: Feelt op de Bünen

De leschten Dënschdeg hätt den Acteur, Regisseur an Theaterdirekter Marc Olinger 80 Joer kritt
headphones

13 min

play_arrow

Grand Duc Jean: Op éiweg an der Erënnerung

E Méindeg elo gëtt un dem Grand Duc Jean säin 105 Anniversaire geduecht, hie koum de 5. Januar 1921 op d‘Welt.
headphones

11 min

play_arrow

Dian Fossey: E Liewe fir d'Bierggorillaen

D'Zoologin Dian Fossey, déi hiert d'Liewen de Bierggorillaen am Runada dediéiert huet, gouf op Stiefesdag 1985, viru 40 Joer am Ruanda brutal ëmbruecht.
headphones

7 min

play_arrow

Sitting Bull: Deen éiwege Rebell

Dee legendären Indianer Sitting Bull gouf virun 135 Joer an engem Lager am Standing Rock Reservat am North Dakota erschoss.
headphones

8 min

play_arrow

Friedrich Dürrenmatt: E Groussen vun der däitscher Dramatik

Dee grousse Schwäizer Schrëftsteller, Dramatiker a Moler Friedrich Dürrenmatt ass viru 35 Joer, de 14. Dezember 1990, am Alter vun 69 Joer zu Neuenburg gestuerwen.
headphones

8 min

play_arrow

Curd Jürgens: De Schauspiller mat vill Eeleganz

Den däitsch-éisträicheschen Theater-a Filmacteur Curd Jürgens gouf virun 110 Joer gebuer.
headphones

12 min

play_arrow

Alexandre Dumas: De Papp vum Aventureroman

Dee franséischen Schrëftsteller a Papp vun dem 3 Mousquetaires Alexandre Dumas ass de 5. Dezember 1870, de nächste Freideg sinn dat 155 Joer, gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow

Clark Gable: Eng Hollywood-Legend

Den Hollywood-Acteur a Fraeschwarm Clark Gable ass de 16. November, dat war de leschte Sonndeg, viru 65 Joer am Alter vun 59 Joer un de Suitte vun engem Häerzinfarkt gestuerwen.
headphones

8 min

play_arrow

Camillo Felgen: Ee vun de bekanntste Lëtzebuerger

E Mënsch, dee mat senger Passioun, sengem Succès a senge Geschichten d’Musek, de Radio an d’Televisioun zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus markéiert huet: “de Camillo”
headphones

13 min

play_arrow

John Gotti: De Chef vun der Gambino-Famill

Den amerikanesche Brigang a Chef vun der Gambino-Famill vun New York John Gotti hätt de 27. Oktober 85 Joer kritt. Hien ass den 10. Juni 2002 am Prisong gestuerwen.
headphones

8 min

play_arrow

The Peanuts: Geschichte matten aus dem Liewen

Viru 75 Joer gouf dem Charles M. Schulz säi Comic "The Peanuts" lancéiert, Geschichte ronderëm de Charlie Brown, de Snoppy a Co.
headphones

10 min

play_arrow

The Peanuts: Geschichten matten aus dem Liewen

Viru 75 Joer gouf dem Charles M. Schulz säi Comic "The Peanuts" lancéiert, Geschichten ronderëm de Charlie Brown, de Snoppy a Co.

Luciane Pavarotti: E Joerhonnerttenor

De groussen Operesänger Luciano Pavarotti hätt den 12. September 90 Joer kritt, de Jean Claude Majerus erënnert un hien a sengem Retromania.
headphones

13 min

play_arrow

Janis Joplin: Blues, Gefill an eng eenzegaarteg Stëmm

Déi gréisste wäiss Bluessängerin gouf haut (4.10.) viru 55 Joer Affer vun hirem exzessive Drogen- an Alokoholmëssbrauch.
headphones

11 min

play_arrow