Retromania
Doris Lessing: Den Nobelpräis, e verdammten Desaster
8 min
Mat hirem Roman “The Golden Notebook” aus dem Joer 1962 ass déi brittesch Schrëftstellerin Doris Lessing praktesch op der ganzer Welt bekannt ginn.
An am Oktober 2007 krut Doris Lessing, deemools ëmmerhi schonn 88 Joer al och de Literaturnobelpräiss.
E Fluch an e Seege kann ee soen, well vun do un, gouf de Numm Doris Lessing quasi nëmmen nach am Kontext vum Nobelpräis genannt, wat der Schrëftstellerin, an dat muss een esou soen, schwéier op d’Schlappe gaangen ass..
Am Léifsten wollt d’Doris Leesing, déi nächst Woch en Dënschdeg, den 22 Oktober 105 Joer géif kréien, iwwert eppes net schwätzen, dat ass de Literturnobelpräis.
Well zanter se “Dat Dengen” krut, wéi Doris Lessing de Nobelpräiss genannt huet, huet se ëmmer mussen driwwer schwätzen, mä hire Job war net schwätzen, hire Job war d’Schreiwen.
Den 17 November 2013 ass d’Doris Lesing mat 94 Joer gestuerwen, an de Jean Claude Majerus erënnert haut un déi bedeitend brittesch Schrëftstellerin an sengem Retromania
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus