Radioen

On air

Notturno  |  Blake Mills - My Dear One

play_arrow Live
arrow_back_ios

Sot Emol

Radioprogramm / Sot Emol

/ Thierry Mersch: Musek, Sangen an den ESC

Thierry Mersch: Musek, Sangen an den ESC

De 15. Mee elo gëtt et eescht dann ass déi zweet Halleffinall vum Eurovision Song Contest vun dësem Joer, an der d’Laura Thorn mat hirem Titel “La poupée monte le son” eis Faarwe vertrëtt. An d’Hoffnung ass grouss datt d’Laura Thorn och de 17 Mee an der Finall zu Basel mat derbäi ass, an deen Ament ka jo alles geschéien.

An iwwert de Eurovision Song Contest oder de Grand Prix d’Eurovision de la Chanson wäerte mer déi Kéier an eiser Emissioun bestëmmt vill schwätzen.

Well den Invité beim Jean Claude Majerus am „Sot emol“ ass en Expert vum ESC an dat ebe well den Thierry Mersch den ESC bal zanter ëmmer suivéiert, jo an der Zäit war den Thierry esou guer fir den 100,7 beim Eurovision Song Contest bei de Finalle mat derbäi, a konnt och hannert d‘Kulisse vum ESC kucken. An dann huet den Thierry Mersch och probéiert als Kënschtler beim ECS ze participéieren, well den Thierry Mersch ass nieft sengem Beruff als Schoulmeeschter och Sänger a Museker. E musikalescht Highlight hat den Thierry Mersch als jonke Mënsch an den 1990er Jore wou mat “Save your kisses for mä”, niewebäi bemierkt och e Gewënnerlidd vum ESC , 1976 hat Brotherhood of Man fir England gewonnen, an den Thierry konnt deemools mat dem Lidd e Karaokeconcours gewonnen. D’Musek spillt zanter ëmmer eng grouss Roll am Thierry Mersch sengem Liewen, an e wollt sech och ëmmer den Dram vun enger eegener CD erfëllen, wat och gelongen ass, an et koumen der nach weider Alben no. An dann, wat och immens ass, den Thierry Mersch huet dacks eng Musek a säi Gesang mat sozialen an humanitären Approche verbonnen.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Marco "Rocky" Rock: Nom Basket e grousst soziaalt Engagement

Dee fréiere Lëtzebuerger Basketspiller, besser bekannt als Rocky, ass den Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Laura Thorn: Fir Lëtzebuerg beim ESC | © Massen Photography

Laura Thorn: Fir Lëtzebuerg beim ESC

D'Lëtzebuerger Sängerin a Musekerin Laura Thorn ass fir Lëtzebuerg beim ESC 2025 zu Basel mat derbäi mat hirem Lidd "La poupée monte le son"
headphones

56 min

play_arrow
Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en eosu ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch

Den Auteur, Zeechner, Kënschtler, passionéierte Schoulmeeschter a Responsabele vum Centre des Jeunes vum SNJ zu Huelmes ass Invité.
headphones

56 min

play_arrow
Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun | © Chris Zeien

Roland Gaul: D'Militärgeschicht ass seng Passioun

Dee fréieren Direkter vum Dikrecher Militärmusée
headphones

56 min

play_arrow
Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn" | © Jo Diseviscourt

Valérie Bodson: "D'Freed en aneren ze sinn"

D'Actrice, Regisseurin an Dozentin am Escher Conservatoire huet zanter iwwer 30 Joer eng fest Plaz an der Lëtzebuerg Theater- a Filmzeen.
headphones

53 min

play_arrow
Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun | © Hardy Grüne

Hardy Grüne: De Fussball, eng Passioun

Den Auteur a Fussballhistoriker Hardy Grüne huet e Buch iwwer de Lëtzebuerger Fussball geschriwwen.
headphones

57 min

play_arrow
Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

Véronique Fauconnet: D'Léift fir den Theater

D‘Directrice artistique vum TOL, dem Théâtre Ouvert Luxembourg, Actrice a Regisseurin Véronique Fauconnet ass d‘Invitée.
headphones

56 min

play_arrow
Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Fernand Weides: Säi Wee mam radio 100,7

Dee fréieren Direkter vum radio 100,7 Fernand Weides ass den Invité beim Jean Claude Majerus.
headphones

56 min

play_arrow
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen

Dee fréiere Wort-Journlalist an aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek am Gespréich
headphones

56 min

play_arrow
Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Steven Pitman: Et soll een ophalen, wann et am Schéinsten ass

Den Elvis-Tribute-Artist Steven Pitmann, oder anescht gesot en Elvis-Imitateur, seet den 2. Mäerz mat engem grousse Concert an der Philharmonie no 25 Joer der Bün Äddi.
headphones

56 min

play_arrow
Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

Claude Marx: "Nos démocraties sont fragiles"

De Claude Marx huet 91 Joer. Hien ass en Iwwerliewende vun der Shoha a vum Zweete Weltkrich. Et ass him wichteg seng Geschicht, eng Geschicht, déi sécher fir vill Geschichte vu ville Mënsche steet, ze erzielen.
headphones

55 min

play_arrow
Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Roby Langers: De Fussball a vill schéin Amenter

Dee fréiere Fussballprofi a fréiere Lëtzebuerger Nationalspiller
headphones

56 min

play_arrow
Dat dierf ni méi geschéien!

Dat dierf ni méi geschéien!

Virun 80 Joer hu russesch Zaldoten d'Konzentratiounslager Auschwitz liberéiert. Am Sot emol proposéiert de Jean Claude Majerus iech Temoignage vu Mënschen déi d'Hell vun Auschwitz iwwerlieft hunn.
headphones

56 min

play_arrow
Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

Claude Frisoni: E Liewen fir, an a mat der Kultur

De Kulturmënsch fir en esou ze nennen, Claude Frisoni ass déi Kéier dem Jean Claude Majerus säin Invité an der Emissioun "Sot emol"
headphones

56 min

play_arrow
Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

Christine Majerus: E Liewe ronderëm de Vëlo

No iwwer 40 Championstitelen, enge sëllege Victoiren op der Strooss an am Cyclocross, mat net manner wéi 4 Participatiounen op Olympesche Spiller, huet d‘Christine Majerus elo e Schlussstréch gezunn.
headphones

56 min

play_arrow
Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem | © Morgane Weidig

Raymond Conzemius: Sport ass de roude Fuedem

Deen aktuellen Directeur technique vum COSL, dem Lëtzebuerger Olympesche Comité, war selwer aktive Liichtathleet a seng Passioun huet dem Héichsprong gehéiert.
headphones

56 min

play_arrow

headphones

55 min

play_arrow

headphones

56 min

play_arrow