D’Beatles, déi 4 Borschte vu Liverpool, e Mythos, eng Legend, eng Story wéi et der wuel net vill an der Museksgeschicht gëtt.
D’Beatles dat heescht an Nimm ausgedréckt, den John Lennon de Paul McCartney, de Ringo Starr an den George Harrison, d’”Fab Four”, wéi se och genannt goufen.
Abee haut sinn nach just d’Halschent vun der legendärer Formatioun do, de Paul MacCartney an de Ringo Starr.
De John Lennon ass den 8 Dezember 1980 gestuerwen, e gouf viru sengem Appartement zu New York vum geckege Mark David Chapman erschoss.
Den 29 November 2001, ass den Beatles-Gittarist an de “rouege” Beatle George Harrison a Kalifornien no enger schroer Krankheet gestuerwen., an dat si moar 25 Joer hir
De George Harrison war eng Zort spirituell Insel fir d’Beatles ëmmer op der Sich no Fridden an der universeller Melodie de Jean Claude Majerus haus a sengem Retromania un dee George Harrison.