De Wolf Bierman war ganz sécher net den DDR-Bonzen hire léifste Bierger an dat weist och dat en, wéi dat geheescht huet, aus der DDR ausgebiergert gouf, oder fir et méi einfach den sozialisteschen DDR-Regime huet de Wolf Bierman aus senger Heemecht eraus gehäit.
De Wolf Bierman war e Lyriker a Liedermacher dee mat senger spatzer Fieder, senger Virtuositéit op der Gittar an senger Iwwerzeegung, och wann dat vill negative Konsequenze fir hien hat, ni ënnerbottere gelooss huet. De Wolf Bierman gehéiert ouni Zweiwel zu den engagéiertste Liedermacher a Lyriker vun der däischter Sproch, a Kompromësser ware fir hien e Friemwuert. Dem Biermann seng Lidder ware Waffen, se waren Trouscht an se ware Resistenz géint de Manktem un Fräiheet fir d’éischt an der DDR an dono awer och an Däitschland no der Reunifikatioun. Moar kritt de Wolf Bierman 90 Joer, an e kann op en mouvementéiert Liewe voll Poesie, Roserei a politeschem Engagement zeréck kucken. Mä och mat sengen 90 Joer ass de Wolf Bierman net roueg, fir seng 90 Joer ass en ënnerwee mat senger “Warte nicht auf bessre Zeiten”-Tour, en huet scho Concerten an der Köln Philharmonie grad ewéi an der Elbphilharmonie zu Hamburg ginn, an e Méindeg elo steet en zu Berlin am Berliner Ensembel op der der Bün an den 20 November am Gewandhaus zu Leipzeg.
De Jean Claude Majerus kuckt haut am Retromania eben op dat mouvementéiert Liewe vum Wolf Bierman zeréck.