Stellt iech emol vir, et géif een Iech an eng Eisekëscht aspären déi mat zolitte Schlässer zou gespaart gëtt, an da kritt der och nach d’Hänn op de Réck gefesselt an da gitt der mat der Këscht an e Floss geheien. Fir déi meescht vun eis dierft dat wuel eppes wéi en Horrorzenario sinn, mä fir ee war datt e gewéinlechen Alldag, riets geet vum Harry Houdini.
De Harry Houdini war ee vun de allergréissten Entfesslungsartisten an Zauberer vun allen Zäit a säin Numm steet bis haut fir dat quasi Onméiglecht, fir déi absolut Illusioun an de Wëllen sech aus allem kënnen ze liberéieren.
Haut op den Dag virun 100 Joer, den 31 Oktober 1926 ass den Harry Houdini gestuerwen, e legendären Zauberer, mat engem disziplinéierte Liewen, e genialer Performer an e Kämpfer géint all déi wou d’Zauberkonscht a Verruff wollte bréngen.
De Jean Claude Majerus erënnert déi Kéier a sengem Retromania un den Harry Houdini.