“Fitzcarraldo”, “Woyzeck”, “Nosferatu, Phantom der Nacht”, “Aguirre, der Zorn Gottes”, “Winnetou” oder och eng sëllegen Edgar Wallace-Filmer si ganz enk mam Numm vum däitschen Acteur Klaus Kinski verbonnen, e Schauspiller deen an Haapt- ma awer och a Niewerollen engem Film säi Stempel konnt ofdrécken.
Am Mëttelpunkt stoung awer net nëmmen eleng den Acteur Klaus Kinski, mä och de Mënsch Klaus Kinski: En Egozentriker, e Verréckten, en onberechenbaren Typ an awer e Genie.
Bis haut ass de Mythos Klaus Kinski präsent, e Mythos mat Schréibsen deen hie schonn zu Liefzäite ronderëm sech opgebaut hat.
De Kinski kann een am beschten duerch Exzesser um groussen Ecran a virun allem och a sengem Liewen charakteriséieren.
A fir et an engem kinski’schen Gedanken ze beschreiwen: de Klaus Kinski huet säin Doud iwwerlieft.
De Klaus Kinski ass den 18 Oktober 1926, moar sinn dat 100 Joer hir, gebuer ginn an et ass sécher derwäert un dëse geckegen an verréckte Charakterschauspiller mat explosiven Temperament ze erënneren, an de Jean Claude Majerus mécht dat haut a sengem Retromania.