Wann d’Musek Geschichte mat vill Emotionalitéit oder iwwert eng vulnerabel Identitéit erzielt da si mer ganz séier bei de Lidder vun engem vun de gréisste Singer- a Songwriter ukomm, de Paul Simon.
Egal op de Paul Simon mat sengem Kolleeg aus der Jugend Art Garfunkel, mat senge kristall-kloeren Harmonien oder als Solokënschtler mat sengem epesche Wierk “Graceland” wou Pop a afrikanesche Rythme vermëscht, op der Bün stoung, et waren ëmmer Momenter déi eng Plaz an der Museksgeschicht hunn. Den nächsten Dënschdeg huet de Paul Simon Gebuertsdag, e kritt 85 Joer, an och an dem Alter ass e musikalesch nach ëmmer aktiv, och wann dat manner ass wéi fréier mä e genéisst d’Musek nach ëmmer
De Jean Claude Majerus erënnert a sengem Retromania haut un de Paul Simon déi ewell bal schonn 70 Joer op der Bün steet an der Welt ganz vill Poesie, musikalesch Experimenter an grouss Melodië geschenkt huet.