Am September dëst Joer sinn et scho 25 Joer zënter den Attentater op de World Trade Center zu New York. Den 11. September 2001 si mat den zwee Tierm vum WTC déi héchste Gebaier vun New York verschwonnen an duerch dëst traureg Evenement krut den Empire State Building säi fréieren Titel zeréck.
Bis 1973, dem Dag vun der Ouverture vum World Trade Center, war den Empire State Building nämlech dat héchste Gebai vun New York, an doriwwer eraus och dat héchste Gebai vun der Welt.
No den Terrorattacke vum 11. September 2001 ass de World Trade Center verschwonnen, 2014 gouf awer de “One World Trade Canter“ inauguréiert, deen haut mat senge 541 Meter dat héchste Gebai vun New York a vun der westlecher Hemisphär ass.
Hautdesdaags läit den Empire State Building op Plaz 9 vun den héchste Gebaier vun New York. Gëschter um 1. Mee waren et genee 95 Joer hier, datt den Empire State Building offiziell no enger Rekordbauzäit vun nëmmen 1 Joer a 45 Deeg offiziell opgaangen ass. Den Empire State Building ass wuel net méi dat héchste Gebai vun New York, mee awer ouni Zweiwel d’Gebai mat deem gréisste Mythos.