Hien hat en donkele Sonnebrëll un an huet iwwer schéi Frae gesongen: mat dësen zwou Associatioune weess een, datt vum amerikanesche Country- a Rocksänger Roy Orbison rieds geet. Dem Roy Orbison seng Stëmm huet keng Grenze kannt a mat senger Manéier fir ze sangen huet hie sech mat vill Melancholie an d’Häerz vun enger ganzer Generatioun eragesongen.
Säin ikonesche Gitarreriff aus sengem Lidd “Pretty Woman“ huet eng fest Plaz an der Museksgeschicht.
A senger laanger Karriär huet de Roy Orbison mat sengem duusse Rythm’n’Blues-Country-Pop-Rock eng ganz Partie Museker, wéi de Bruce Springsteen, d’Beatles oder The Cramps markéiert. Fir den Elvis Presley war den Orbison esouguer: “Dee beschte Sänger vun der Welt”.
De Roy Orbison koum den 23. Abrëll 1936, virun 90 Joer, zu Vernon am Texas op d’Welt. Hien ass, leider muss ee soen, iwwerraschend op Niklosdag 1988 am Alter vun nëmmen 52 Joer gestuerwen. De Jean Claude Majerus erënnert un de Sänger mam däischtere Sonnebrëll, gemengt ass net den Heino, mee de Roy Orbison.