Den 12. Februar 2011 ass mam Peter Alexander wuel ee vun de gréissten Entertainer vu senger Zäit am Alter vu 85 Joer zu Wien gestuerwen. Deen éisträichesche Sänger, Acteur, Televisiounsmënsch a Superstar am däitschsproochege Raum huet iwwer 50 Joer laang Millioune vun Zuschauer sief et op der Televisioun oder am Kino Freed gemaach.
De Peter Alexander huet Generatioune vun Televisiouns-Spectateure markéiert.
Am Alter gouf et méi roueg ronderëm de Peter Alexander an et huet een a senge leschte Joren net vill vun him héieren. Hien hat sech zeréckgezunn a e wollt de Rescht vum Liewen, esouwäit dat gaangen ass, an aller Rou genéissen.
Zwou Tragedien hunn awer och d’Liewe vum Peter Alexander markéiert, Tragedien, déi de Kënschtler am Fong ni richteg verschaffe konnt. Am Joer 2003 ass seng Fra Hilde gestuerwen, mat där hie vun 1952 u bestuet war, an am Joer 2009 ass seng Duechter Susanne bei engem Autosaccident a Thailand leie bliwwen.
De Jean Claude Majerus kuckt op dat mouvementéiert Liewe vum Peter Alexander zeréck.