Hie war e Pionéier, hie war e musikalesche Revolutionär, hie war, éier den Elvis Presley koum, de KING: de Bill Haley.
De Bill Haley gëllt als Erfinder vum Rock’n’Roll, seng Kreatioun de sougenannte “Northern Band Style" war déi éischt wäiss Manéier Rock’n’Roll ze spillen.
De Haley huet d’Jugend an de 1950er Joere gerëselt, se geckeg gemaach, en neit Liewensgefill ginn.
Ma déi Erwuessen hunn déi Zäit am Bill Haley awer nëmmen en Typ gesinn, dee Kaméidi gemaach huet.
De Bill Haley war net nëmmen e Museker, hien d’Welt un Danze kritt an si huet bis haut net méi opgehalen. De Bill Haley ass de 9 Februar 1981 am Alter vun nëmme 55 Joer gestuerwen, an de nächste Weekend gëtt op mannst do wou Rock’n’Roll eppes zielt un de 45. Doudesdag vum Bill Haley geduecht, an de Jean Claude Majerus mécht dat haut schonn a sengem Retromania.