De Marc Olinger ass huet zu Lëtzebuerg den Theater wéi kaum en anere markéiert. An dat net nëmmen duerch seng artistesch Kompetenzen, mee och am administrativen, organisatoreschen Theaterberäich, eeben duerch seng Funktioun als Direkter vum Kapuzinertheater. 25 Joer laang stoung de Marc Olinger un der Spëtz vum Kapuziner, eng sécher Guiness Buch-räif Leeschtung. 2010 ass de Marc Olinger an d’Pensioun gaangen. Mee leider vill ze fréi ass Olingesch Marc dunn den 8. Januar 2015 grad emol 2 Deeg no sengem 69. Gebuertsdag zu Lyon gestuerwen. De Marc Olinger hätt leschten Dënschdeg, de 6. Januar, 80 Joer kritt, an de Jean Claude Majerus erënnert gären un de Marc Olinger: en Acteur, Regisseur an Theaterdirekter, deen den Theater zu Lëtzebuerg wéi kaum en anere markéiert huet.
arrow_back_ios
Retromania
Marc Olinger: Feelt op de Bünen
Lauschteren
play_arrow
headphones
13 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus