“Gorillas in the Mist: The Story of Dian Fossey” vum brittesche Cineast Michael Apted mat der amerikanescher Actrice Sigourney Weaver an der Roll vun der Dian Fossey, ass en aussergewéinlech emouvanten a reelle Film, deen een net verpasse sollt.
De Film baséiert op der Verhalensfuerscherin an Zoologin Dian Fossey hirem Liewen an hirer Lutte fir d’Lous vun de Bierggorillaen am Ruanda souwéi hirem Buch “Gorilla in the Mist”. Dian Fossey krut mat dësem Film posthum e gellegt Monument gesat. Mee fir hir Léift zu de Gorillaen a fir hiren Asaz huet si um Enn en héije Präis bezuelt: d’Dian Fossey gouf op Stiefesdag 1985, viru 40 Joer, am Ruanda ëmbruecht.