Den Numm Friedrich Dürrenmatt steet fir déi däitschsproocheg Dramatik, vun där de Friedrich Dürrenmatt ee vun de grousse Vertrieder war an och haut nach ass.
Dee Schwäizer Schrëftsteller war e Meeschter vun der Absurditéit a vun de feine Gedanken, deen ëmmer eng ganz wichteg Fro gestallt huet: “Wéi vill Wouerecht kann eng Gesellschaft verdroen?
Ob elo a sengem Meeschterwierk “Der Besuch der alten Dame” oder an “Die Physiker“ oder a senge philosophesche Prosatexter, de Friedrich Dürrenmatt huet mat enger Mëschung aus Satir, Spannung a Gesellschaftskritik literaresch vill geleescht an dofir war hien och quasi op der ganzer Welt bekannt.
Viru 35 Joer, de 14. Dezember 1990, ass de Schwäizer Schrëftsteller, Dramatiker a Moler am Alter vun 69 Joer zu Neuenburg an der Schwäiz gestuerwen.
De Jean Claude Majerus denkt un dee geniale Schwäizer Auteur zeréck.