E Mënsch, dee mat senger Passioun, sengem Succès a senge Geschichten d’Musek, de Radio an d’Televisioun zu Lëtzebuerg an doriwwer eraus markéiert huet, de Camillo Felgen oder meeschtens einfach nëmmen “de Camillo” genannt.
De Camillo ass wuel 85 Joer al ginn an hie konnt op e zefriddent Liewen zeréckkucken an awer war et e Schock, wéi de 16. Juli 2005 Nouvelle koum, datt de Camille, ee vun de bekanntste Lëtzebuerger gestuerwen ass. Mat him huet Lëtzebuerg deemools e grousse Kënschtler a kulturellen Ambassadeur verluer.
De Camillo war e Multi-Talent, hie war Schoulmeeschter, Dolmetscher, Sänger, Songtexter, Radiosspriecher an Televisiounmoderateur.
Et kann een awer nach e Stéck méi wäit goen, well besonnesch am Beräich Radio huet de Camillo a sengem Liewe Pionéieraarbecht geleescht.
E Méindeg wäert sécher nees un de Camillo geduecht ginn, um Dag vu sengem Gebuertsdag, dat sinn e Méindeg 105 Joer hier. De Camillo koum de 16. November 1920 zu Téiteng op d’Welt.