Dat renomméiert American Film Institute huet hien op Plaz 7 op der Lëscht vun de gréisste Filmlegende vun allen Zäite gesat: de Clark Gable. En Acteur mat enger aussergewéinlecher Wierkung op Fraen a bis haut wuel dee gréisste Fraeschwarm aus der Dramfabrik Hollywood.
Nieft ville grousse Filmer, déi aus him ee vun de ganz groussen Hollywood-Acteure gemaach hunn, bleift dem Clark Gable seng bekanntste Roll awer déi vum Rhett Butler an der Victor-Fleming-Verfilmung vun der Magaret Mitchell hirem Roman “Gone With the Wind”, nieft der Actrice Vivien Leigh an der Roll vun der Scarlett O’Hara.
Dëse Film huet 1940 bei 13 Nominatiounen um Enn 10 Oscare gewonnen. D’Vivien Leigh krut den Oscar als bescht weiblech Haaptroll, dogéint ass de Clark Gable, dee wuel als beschten Acteur nominéiert war, um Enn awer ouni Oscar heem gaangen ass.
Viru 65 Joer, de 16. November 1960 ass de Clark Gable zu Los Angeles am Alter vun 59 Joer un de Suitte vun engem Häerzinfarkt gestuerwen.