Deen éisträicheschen Theater- a Filmacteur a Regisseur mat der markanter Stëmm war ee vun den éischter ganz seelenen europäeschen Acteure mat däitsch-sproochegen Originnen, deem eng wierklech grouss international Karriär gelongen ass. Hie war a wäit iwwer 100 Filmer ze bewonneren. Hie selwer huet sech eigentlech méi als Theaterschauspiller gesi wéi als Filmstar. Mat 60 Joer huet hie seng Autobiografie erausbruecht, iwwerschriwwen “... und kein bisschen weise“, déi och ganz gutt ukoum.
Dëse Mount, den 13. Dezember, gëtt un de Curd Jürgens säi Gebuertsdag geduecht, hie koum den 13. Dezember 1915 zu Solln, e Quartier vu München, op d’Welt. An hien ass de 18. Juni 1982 gestuerwen a läit, nieft villen anere Perséinlechkeeten, um Wiener Zentralfriedhof begruewen. De Grond fir säi fréien Doud war ganz sécher och säin zimmlech exzessive Liewensstil.