“La Reine Margot”, “Le Comte de Monte Christo”, “La Tulipe Noire” oder an och virun allem “Les trois mousquetaires” si Wierker, déi de franséische Schrëftsteller Alexandre Dumas weltwäit bekannt gemaach hunn.
De kreative Papp vum d’Artagnan, Aramis, Porthos an Athos ass de 5. Dezember 1870, viru 155 Joer, zu Puy gestuerwen a mat 300 Romaner, déi hie geschriwwen huet, ass hien ee vun de produktiivste franséischen Auteuren.
Dem Alexandre Dumas seng Aarbechten huet net nëmmen d’Literatur, mee och den Theater an de Film markéiert. Seng Geschichten haten eng grouss Bedeitung fir d’Kultur a si sinn och haut nach ëmmer richteg.
De Jean Claude Majerus erënnert un de Papp vun de Mousquetairen oder den Aventureromaner.