Dir kennt bestëmmt Filmer wéi “The Godfather”, “Goodfellas”, “The Untouchables” “Donnie Brasco” oder “Scareface”, alles Filmer iwwer d’Mafia oder d’Cosa Nostra a besonnesch déi kriminell Clanen an den USA. Dës Geschicht vun der Mafia oder vu Mafia-Cheffen gouf am Laf vun de Joren zu engem gellege Kult.
An esou eng Kultupersoun war deen amerikanesche Brigang John Gotti, deen, wéi een am Jargon seet, e Mobster war. E Mobster ass nämlech eng amerikanesch Slang-Denominatioun fir e Member vun der Mafia oder vun der Cosa Nostra.
A genee dat war den John Gotti, e renomméierte Mobster zu New York a Chef vun der Gambino-Famill, eng vun de 5 Cosa-Nostra-Famille vun New York.
Den John Gotti war den éischte Mobster, deen an de Medien omnipresent war, an hien huet et esouguer op Titelsäite vum Time-Magazine, vum People oder dem New York Times Magazine gepackt.
D’Prozesser géint de John Gotti goufen ëmmer nees an der Press kommentéiert, an d’Prozessioun vu sengem Begriefnes gouf duerch eng Abberzuel vu Journalisten an Televisiounhelikopteren zu engem gesellschaftlechen Happening.
Den John Gotti hätt de 27. Oktober 85 Joer kritt, hien ass den 10. Juni 2002 an engem Prisongsspidol zu Springfield am Missouri gestuerwen.