De 6. September 2007 ass de Luciano Pavarotti, ee vun de bedeitendsten Tenore vum 20. Joerhonnert gestuerwen, deen och ouni zweiwel d’Museksgeschicht markéiert huet.
De Luciano Pavarotti huet zesumme mam Placido Domingo an dem José Carreras d’Operewelt jorelaang dominéiert, an hie war e Kënschtler deen net nëmmen an der klassescher Musek, mee och am Pop-Beräich seng Konscht etabléiere konnt.
An senger Karriär huet de Pavarotti op alle grousse Bünen, mat all groussen Dirigenten op der ganzer Welt zesummegeschafft, an seng Partnerinne waren och d’Crème de la Crème vun der Oper.
De Luciano Pavarotti huet mat senger Stëmm d’Häerzer vun de Mënschen op der ganzer Welt beréiert, a fir säin 90. Anniversaire, deen e muer gefeiert hätt, erënnert de Jean Claude Majerus am Retromania un de Lucianio Pavarotti
E Pavarotti, dee fir seng Liewensfreed, seng Léift fir d'Iessen an seng Generositéit bekannt war. Hie war och ëmmer stolz op seng italieenesch Hierkonft a säi markante Laache war sou bekannt wéi seng Stëmm.