D’Janis Joplin, déi gréisste wäiss Bluessängerin déi et jeemools gouf, ass de 4. Oktober 1970, viru 55 Joer, am Alter vun nëmme 27 Joer un de Suitte vun enger Iwwerdosis Heroin gestuerwen.
Op der Bün huet Janis Joplin duerch hire Charisma a virun allem duerch eng eenzegaarteg Stëmm jiddwereen, hir Museker an hire Publique begeeschtert.
Mee privat war d’Janis Joplin e Mënsch, deen eleng war a sech just um Alkohol an un den Drogen upake konnt. Et kéint ee soen, datt d’Zäit vum gréisste Succès fir Janis Joplin och d’Zäit vun hirem latente Suicide war.
De Jean Claude Majerus erënnert un d’Janis Joplin, sécher mat eng vun de gréisste Stëmm, déi et an der Rockmusek gouf. D’Janis Joplin war eng Kënschtlerin, déi d’Mënsche beréiert huet. Hiert Liewe war kuerz, mee hir Musek an hir Stëmm wäerte weider iwwerliewen.