Um Bord vum Mississippi, engem Zentrum vum Blues ass de Riley B. King op d’Welt komm. An aus him ass spéider de B. B. King, de „King of Blues“ ginn. A senger gudder Zäit, oder besser a senge jonke Jore stoung de B. B. King bis zu 300 Mol am Joer op der Bün, spéider waren et ëmmerhin nach 150 pro Joer, an déi Zäit hat e schonn iwwer 80 Joer. De B. B. King war schonn zu Liefzäiten eng Legend, en Artist dee wéi kaum en aneren de Blues markéiert huet. Mat senger Gittare, déi de B. B. King mat ganz vill Emotioun “Lucille” genannt huet, war dem B.B. King säi Blues bis zu sengem Doud nach grad esou wéi hien en als Kand um Bord vum Mississippi kenne geléiert huet.
De Jean Claude Majerus erënnert déi Kéier am Retromania un de B. B. King vun deem säin 100. Anniversaire, de nächsten Dënschdeg geduecht gëtt. De B. B. King ass den 14 Mee 2015 am Alter vun 90 Joer gestuerwen, mä eent ass sécher de "King of Blues" an säin “Lucille” liewe weider all Kéiers wann eng Gittar eng Geschicht erzielt.