Vum Love-and-Peace-Festival op der däitscher Ostseeinsel Fehmarn, tëschent dem 4. a 6. September 1970, géif haut wuel kee méi schwätzen, wann net de 6. September 1970 do dem Jimi Hendrix, deem wuel gréisste Rock-Gittarist vun allen Zäiten, säi leschte Concert gewiescht wier. An dat sinn op den Dag 55 Joer hier. De Jimi Hendrix ass nämlech 12 Deeg drop, den 18. September 1970 zu London am Alter vu 27 Joer gestuerwen. Wat den Hendrix deemools net wosst, ass datt dëse Concert mat zwee Bünemikroen op engem Revox-Recorder opgeholl gouf an 2005 als Live-Albun “Live at the Isle of Fehmarn” publizéiert gouf.
De Jimi Hendrix huet mat senger innovativer Technik a sengen Effekter déi elektresch Gittar revolutionéiert. Hie war a bleift e Symbol vun der Rockgeschicht.