Hie war Acteur, Sänger, Dänzer, Choreograph, Conferencier a Regisseur, mee virun allem war hien de Papp vum Theater zu Lëtzebuerg: den August Donnen.
Gebuer gouf hie virun 140 Joer, de 27. August 1885 an der Stad. De Schauspiller mat Leif a Séil ass den 9. August 1956 mat 71 Joer gestuerwen.
De Jean Claude Majerus erënnert un dee grousse Lëtzebuerger Artist, de Coiffer, deem seng léifste Plaz d‘Theaterbün war, an deen den Theater an de Varieté zu Lëtzebuerg wéi kaum en anere markéiert huet.