Den Hary Haagen huet besonnesch déi lëschteg Rollen op de Lëtzebuerger Theaterbünen an och op der Televisioun mat markéiert. Den Hary Haagen war schonn zu Liefzäiten eng Legend am Lëtzebuerger Theater an huet 21 Joer jonk de Choix fir d’Kënschtlerliewe geholl.
Gëschter (15.8.) waren et 45 Joer, datt den Hary Haagen am Alter vun 78 Joer gestuerwen ass, den Doudesdag vun engem grousse Lëtzebuerger Schauspiller an Entertainer, deen ee groussen Don hat, en Don, deen hautdesdaags heiansdo ze kuerz kënnt, nämlech d’Leit un d’Laache bréngen.