Hien trëtt am Kostüm vum russeschen Iwanuschka op, wat een am Däitsche mat der Figur vum “Hans im Glück” ka vergläichen, datt heescht eng schwaarz-wäiss karéiert Kapp, e samette Paltong, rout-schwaarz gesträifte Box, rout Strëmp, spatz Schong an nëmmen e puer Punkte Schmink am Gesiicht: Rieds geet vum russesche Clown Oleg Popow.
Den Oleg Popw war awer net nëmme Clown, mee och en excellente Jongleur a Seeldänzer.
Den 31. Juli gouf un dem Oleg Popw säi 95. Anniversaire geduecht, dee grousse Clown, dee wärend der Tournée am Süd-russesche Rostow den 2. November 2016 am Alter vu 86 Joer gestuerwen ass.