E Mënsch, e Kënschtler, dee musikalesch wäit méi ze bidden huet, wéi allgemeng ugeholl gouf. E Mënsch, deen d’Kultur zu Lëtzebuerg op seng Manéier markéiert huet. E Mann, deen duerch seng jovial an oppe Manéier e Kultstatus erreecht huet. E Mann, dee bal all Lëtzebuerger, kannt huet. E Mann, dee mat sengem richtegen Numm Faustino Cima geheescht huet, mee dee Land op Land of just Fausti genannt gouf.
De Fausti ass den 20. Februar 2021 am Alter vun 81 Joer iwwerraschend gestuerwen, an et kann ee roueg soen, d’Land war am Trauer. De Jean Claude Majerus denkt zeréck un de Fausti, well de 24. Juli war dem Fausti säi Gebuertsdag: hien hätt 85 Joer kritt.