De Schrëftsteller Thomas Bernard huet se “Die Schallplatte der Schallplatten” genannt, a fir ganz vill Melomanen uechter d’Welt huet dës Plack zanter 70 Joer e Kultstatus: rieds geet vum kanadesche Pianist Glenn Gould sengem Enregistrement vum Johann Sebastian Bach senge “Goldberg-Variatiounen” am Joer 1955.
Dem Glenn Gould seng Plack huet sech an deene 70 Joer zu deem wuel bedeitendste klasseschen Enregistrement vun allen Zäit entwéckelt an de Pianist Glenn Gould gouf domat quasi deen éischte Pop-Star op enger klassescher Concertsbün.
Beim Glenn Gould kann ee ouni Zweiwel de Term vum Ausnamekënschtler huelen, hien huet d’Musek vum Bach wéi keen anere gespillt, krut an der Interpretatioun vun anere Komponisten awer net d’Unanimitéit. De Glenn Gould hat en aussergewéinlecht Talent, nieft dem absolutte Gehéier, hat hien och eng enorm musikalesch Memoire, wann hien eng Suite vun Noute just eemol héieren huet, da konnt hie se ëmmer nees an ëmmer nees um Piano reproduzéieren.
De Glen Gould, deen 1932 gebuer gouf, ass awer schonn 1982 an Alter vun nëmme 50 Joer gestuerwen, mee duerch säin Enregistrement vun de “Goldberg-Variatiounen” gouf hien onstierflech.