Dëst Joer feiert d’Welt vun der Literatur den 150. Anniversaire vun engem vun de bedeitendste Schrëftsteller vum 20 Joerhonnert, den Thomas Mann. Hien koum de 6. Juni 1875 virun 150 Joer zu Lübeck op d’Welt. Dëse ronne Gebuertsdag ass am Fong e globaalt Evenement, dat kulturell Institutiounen, d’Wëssenschaft oder einfach Enthusiasten zesummebréngt an dat ënner anerem a Form vun der zentraler Plattform mann2025.de.
Op dëser Internetsäit fënnt een dem Thomas Mann seng Wierker, an och hir Relevanz an der Welt vun haut, et fënnt een e Bloc oder och Date vu Manifestatioune ronderëm den Thomas Mann.
An och de Jean Claude Majerus erënnert hei un den Thomas Mann, deen och 1929 de Literaturnobelpräis krut.