Wann e Mënsch fréi stierft, gëtt ëmmer nees gesot, firwat muss grad deen esou fréi goen.
Dat geschitt am private Liewen, dat geschitt awer och bei bekannte Kënschtler. Dat gouf gesot, zum Beispill wéi den Acteur James Dean, 24 Joer jonk, gestuerwen ass, oder beim Doud vun der Marilyn Monroe, 36 Joer, oder nach beim Doud vum amerikaneschen Acteur Heath Ledger, 29 Joer.
Et kann een och un déi vum “27 Club“ denken, wéi de Brian Jones, Jimi Hendrix, Jim Morrision, Janis Joplin, Kurt Conbain oder Amy Winhehouse, alleguerte mat 27 Joer gestuerwen.
Dat selwecht gouf sécher och den 10. Juni 1982 gesot, wéi d’Nouvelle vum Doud vum däitsche Cineast Rainer Werner Fassbinder mat nëmme 37 Joer koum. De Fassbinder, dee vill Leit fir de bedeitendste Realisateur vun der däitscher Nokrichsgeschicht halen, war awer éischter en “enfant terrible” vum däitsche Kino, genial, awer net kammoud, an ëmmer op der Sich no der Kontroll, der Léift an der eegener Zerstéierung. De Fassbinder huet mat sengem Wierk Däitschland e Spigel dohinner gehalen an ëmmer genee do gefilmt, wou et wéigedoen huet.
Deen däitschen Ausnamecineast Rainer Werner Fassbinder hätt haut, 31.5., 80 Joer kritt. Hien ass 1982 gestuerwen, no engem Liewen op der Iwwerhuelspuer.