De brittesche Gittarist a Kapp vun der Rockband “The Who” Pete Townshend ass mat deem anere Grënnungsmember vun The Who Roger Daltrey am August a September dëst Joer op hirer méiglecherweis leschter Tour, eng Tour déi mat “The Song is Over” iwwerschriwwe mat enge 17 Concerten an den USA an am Kanada.
Speziell ass dass „Special Guests“ bei dëse Cocnerten derbäi sinn an dat geet vum Billy Bob Thornton iwwert Booker T. Jones an The Joe Perry Project bis bei den Joe Bonamassa an de Billy Idol.
An dat mat ëmmerhin mat den 80 Joer déi de Pete Townshend de leschte Méindeg 19. Mee kritt huet. Gutt de Roger Daltrey huet der ewell schonn 81.
De Pete Townshend war e Rebell an der Rockzeen, deen seng Gittaren ëmmer an ëmmer nees op der Bün futti geschloen huet, mä dernieft war en awer och e brillante Museker, Songwriter a Komponist.
Et ginn awer och däischter Säiten am Gittarist a Museker sengem Liewen an zwar Virwërf vu Kannerpornografie déi am Raum stoungen,.
De brittesche Gittarist, Enfant Terrible a musikalesche Kapp vun der Rockband THE WHO Petet Townshend huet e Méindeg 19 Mee 80 Joer kritt. A méiglecherweis ass am Summer elo déi leshcten Tour wou déi zwee vun The Who Pete Townshend a Roger Daltrey anch emol zesummen op der Bün kënnt gesinn, hir Tour heescht „The Song eis over“ an et kéitn déi lescht sinn.
De Jean Claude Majerus beschäftegt sech haut am Retromania mam Pete Townshend vun „The Who“