Fir d’Jazzadepten a besonnesch fir Fans vum amerikaneschen Jazz-Pianist Keith Jarrett war den Donneschdeg e besonneschen Dag, well de Keith Jarrett krut den 8. Mee 80 Joer.
Leider kann de Keith Jarrett zanter e puer Joer net méi live optrieden an och Piano spille kann hien net méi esou, wéi hien dat gäre géif. An dat zanter deem hien 2018 zweemol en Hiereschlag gemaach huet.
2024 koum nach en Album vum Keith Jarrett eraus mam Titel “The Old Country”, eng Opnam aus dem Joer 1992, op där hien zesumme mam Bassist Gary Peacock a mam Batteur Paul Motian am Pennsylvania gejamt huet.
Nieft sengen 80 Joer kann de Keith Jarrett awer nach en aneren Anniversaire dëst Joer feieren an zwar viru 50 Joer koum säin Album mat sengem Improvisatiouns-Konzert an der Kölner Oper eraus. E legendären Album, deen als “The Köln Concert” déi am meeschte verkaaften an och bekanntste Publikatioun vum Keith Jarrett ass, an och deen am meeschte verkaafte Solo-Jazzalbum. De Jean Claude Majerus mat engem Hommage un dëse groussen Jazz-Museker a Pianovirtuos