De Goscinny an den Uderzo hu Generatioune vu Comics-Adete markéiert a si hunn dee klenge Gallier a säin décke Kolleeg onstierflech gemaach. De Goscinny an den Uderzo hunn ouni Zweiwel franséisch Kulturgeschicht geschriwwen. 1977 ass den Auteur vun de Gallier hire Geschichte René Goscinny gestuerwen. A viru 5 Joer, de 24. Mäerz 2020, war et Nouvelle, datt den Albert Underzo, och Auteur mee virun allem Zeechner vum Astérix an Obelix am Alter vun 92 Joer un Häerzversoe gestuerwen ass.
Iwwer 60 Joer hunn déi zwee couragéiert Gallier Astérix an Obélix Millioune vu Leit op der ganzer Welt vill Freed bruecht. Wie war dee Mënsch hanner den Zeechnungen? Den Albert Uderzo, Fils vun italieeneschen Immigranten, aus deem ee vun de bedeitendste Comic-Zeechner weltwäit gouf, de Meeschter vun de Spriechblosen, mat vill Léift zum Detail an engem eegene Stil, deen d’Comic-Welt revolutionéiert huet.