Retromania
Pat Metheny: Ee vun de Groussen op der Jazz-Gittar
12 min
De Pat Metheny ass zanter 50 Joer mat senger Gittar an der ganzer Welt ënnerwee. De Metheny ass ee vun de ganz groussen Nimm an der moderner Jazz-Geschicht. Et ass him gelongen, eng Bréck tëschent Rock an Jazz ze schloen an engem Genre, deem dacks virgeworf gëtt, ze elitär oder intellektuell ze sinn. De Pat Metheny huet dem Jazz ee méi poppegen Touch ginn. Jazz-Puriste geheien him awer vir, keen Jazz ze spillen an ze gefälleg ze sinn. Béid Säite si sech awer an engem Punkt eens: op sengem Instrument, der Gittar, ass hien ee Virtuos. De Pat Metheny seet, säi Liewen wier eenzege Concert. Hie krut am August dëst Joer 70 Joer.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus