Hien hat en onbestännegt Liewen, an doraus huet hien Erfarung gezu fir seng spéider Karriär: deen däitschen Acteur Gottfried John. Hie gehéiert zu de raren däitschen Acteuren, déi sech och am internationale Film positionéiere konnten. Besonnesch an Erënnerung bleift seng Roll als Béisen am James Bond Film “Goldeneye” nieft dem Pierce Brosnan oder als réimesche Keeser am Claude Zidi sengem “Astérix et Obélix contre César”. Doriwwer eraus war de Godfried John och ee vum groussen däitsche Cineast an “Enfant terrible” Rainer Werner Fassbinder senge “Acteur fétichen”. Säi speziellt Gesiicht, seng grouss a schif Nues, säi sibyllinescht Laachen a seng markant Stëmm hunn de Godfried John ausgemaach. Virun 10 Joer ass de Schauspiller am Alter vun 72 Joer gestuerwen.
arrow_back_ios
Retromania
Godfried John: De sympathesche Béisen am Film
Lauschteren
play_arrow
headphones
8 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus