Motown war deen éischte Musekslabel, dee vun Afroamerikaner geréiert gouf. Si hunn déi schwaarz Musek, wéi de Rythm and Blues, der wäisser Populatioun méi nobruecht. De Berry Gordy, de Grënner vum Label, hat ee ganz speziellt Gefill fir Talenter, hien huet praktesch all Sänger, déi hie bei sech hat, zu Superstare gemaach. D’Jackson 5, Diana Ross a seng Supremes, The Temptations oder de Stevie Wonder si just e puer Beispiller, déi bei Motown ganz grouss erauskoumen. A virun allem d’Lidder vun dëse Museker sinn zäitlos an haut nach ëmmer esou beléift wéi zu hire beschten Zäiten. De Label Motown gouf 1959 gegrënnt, viru 65 Joer deemno schonn.
arrow_back_ios
Retromania
De Label Motown kritt 65 Joer
Lauschteren
play_arrow
headphones
11 min
mic_none
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus