Retromania
Peter Zadek: En Theaterrevolutionär
9 min
Deen däitschen Theaterregisseur an -intendant Peter Zadek ass den 30. Juli 2009 am Alter vun 83 Joer zu Hamburg gestuerwen. A mat him ass deemools e weidere vun de ganz Grousse vum däitschen Theater säi leschte Wee gaangen.
Dem Peter Zadek säin Numm ass ganz enk mat den Theaterbüne vu Bochum, Hamburg, Berlin oder och Wien verbonnen. Den Zadek huet Shakespeare, Ibsen, Fallada oder Brecht inzenéiert. Hien huet an den 1960er a 1970er Joren den Theater an Däitschland revolutionéiert, well hien de Publikum mat ganz wëlle Mise en scène grad wéi mat plakege Schauspiller schockéiert oder begeeschtert huet.
De Peter Zadek huet den Nokrichstheater an Däitschland markéiert, an zu de bedeitendsten zäitgenësseschen Theaterregisseure gehéiert.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus