Radioen

On air

Notturno  |  Sheebaba - Chambre Rouge (Noah Vert Remix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Carlo Bock

De Kriibsspezialist ass Member vun der nationaler Kontrollkommissioun, déi d'Applicatioun vum Gesetz iwwer d'Euthanasie iwwerwaacht.

Denis MacShane

No de Parlamentswahlen a Groussbritannien zéie mer de Bilan vun de Wahlen mam Denis MacShane, dee fir d'Labourpartei tëscht 2002 an 2005 an der Regierung vum Tony Blair Europaminister war.
François Bausch

François Bausch

Am Gespréich mam gréngen Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister geet et ëm déi däitsch PKW-Maut an déi europäesch Mobilitéitspolitik.

Alwin de Prins

Bei de Spiller vun de klenge Länner huet Lëtzebuerg eng Rekordzuel vun 38 Goldmedaile matbruecht. De Chef vun der Delegatioun zitt de Bilan.

Tess Burton

Mat der LSAP Deputéierter geet et ëm déi geplangte Reform vum Bail Commercial déi d'Intérête vu Propriétairen a Locataire soll ausgläichen. p.p1 {margin: 0.0px 0.0px 0.0px 0.0px; font: 11.

Nicolas Henckes

Mam Nicolas Henckes, néien Direkter vun der clc, schwätze mer iwwert säi néien Defi an d'Erausfuerderunge fir de Commerce a nächster Zäit.

Franz Fayot & Diane Adehm

Wéi wäit solle Bierger a Journalisten an Zukunft Zougank zu Informatiounen aus Institutiounen a Verwaltungen kréien? Dat diskutéiere mir mam Franz Fayot (LSAP) an der Diane Adehm (CSV).

Enrica Pianaro

D'Soziologin vum Informatiouns- a Berodungszenter CIGALE fir Schwuler a Lesben schwätzt iwwert Homophobie, Akzeptanz a Progrès duerch Gesetzer.
Philip Crowther

Philip Crowther

Ass den Donald Trump nach laang als amerikanesche President ze halen? Mir froen eisen USA-Korrespondent.

Georges Kraus (Sebes)

Staat a Sebes investéieren 166 Milliounen Euro fir 150.000 Kubikmeter Drénkwaasser den Dag. Den Direkter vum "Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre" erkläert.

Pol Polfer

Wéi nohalteg ass d'Lëtzebuerger Klimapolitik? Eng Analys mam Vertrieder vum Klima-Bündnis Lëtzebuerg.

Frank Vansteenkiste

Den neie Programme directeur fir d'Landesplanung gëtt zesumme mat Bierger ausgeschafft. Dozou de Generalkoordinateur fir d'Landesplanung am Gespréich.

Jean Asselborn

Mam Ausseminister schwätze mir iwwert d'Relatioune vum US-President Donald Trump mat Russland an doriwwer, wat dat fir d'EU bedeit.

Irène Pissinger-Engelmann

Nordliicht TV bericht zënter 20 Joer aus dem Norde vum Land. Wat ass d'Zukunft vun dësem Regionalsender? Dat froe mir d'Chefredaktesch vu Nordliicht TV.

Frank Thillen

Wat sinn déi urbanistesch an ekonomesch Erausfuerderunge vum Groussraum Ettelbréck-Diekirch? De President vun der Denkfabrik "Nordstad" erkläert.

Simone Feis & Änder Bruns

Londoner Vertrag 1867: Lëtzebuerg bleift onofhängeg, gëtt neutral an d'Festung gëtt geschlaff. D'Conservateurë vum Festungsmusée erklären.

Bas Schagen & Romain Schuler

Op engen 90 Stänn a Bude ginn um Mäertche Fritten, Spiller an Devotionalië verkaf. D'Foraine schwätzen iwwert hir Aarbecht a Suergen.

Gast Gibéryen

D'ADR gouf virun 30 Joer gegrënnt mat enger Fuerderung: Rentegerechtegkeet. Woufir d'Partei haut steet, seet hiren déngschteelsten Deputéierten.

Steve Heiliger

Wei wäit d'CGFP wëll goen, fir hir Fuerderungen erfëllt ze kréien, erkläert de CGFP-Generalsekretär Steve Heiliger.

Frédéric Krier (SEW-OGBL)

De SEW-OGBL warnt viru Spuermoossnamen an enger utilitaristescher Finanzgestioun vun der Uni Lëtzebuerg. De Gewerkschaftler am Gespréich.