Invité:e vum Dag
Pol Polfer
An engem rezente Rapport vum Claude Turmes an der franséischer grénger Politikerin Michèle Rivasi, hu béid gréng Europadéputéiert eng Energie- an d’Klimagouvernance fir d'EU definiéiert, déi et soll garantéieren, datt Klimaschutz an Nohaltegkeet sech op alle gesellschaftleschen an Gouvernance-Ebenen optimal deklinéiert. D'Zil ass et fir bis 2050 0 Prozent CO2Emissiounen z'erreechen. "Eigentlech wier dat d'Aufgab gewiescht vun der EU-Kommissioun," seet den Expert fir Klimapolitik Pol Polfer. De Mataarbechter vum Mouvement écologique, a Member vun Votum-Klima an dem Klimabündnis, gëtt verschiddenen EU-Memberstaaten d'Schold, datt Bréissel net méi wäit an der Ëmsetzung vun de Klimaziler geet, op déi ee sech am Accord vu Paräis gëeenegt hat.