arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Philip Crowther
"Et héiert ee just ganz wéineg Leit, déi fir den Donald Trump gewielt hunn, an elo net zefridden sinn," seet eisen USA-Korrespondent Philip Crowther. Mee vill Trump-Géigner wieren am November net wiele gaangen. Dofir wier den neie President am grousse Ganzen trotzdeem "rekordverdächteg" onbeléift.
Seng éischt Auslandsrees wier awer "eng gutt Noriicht fir den Donald Trump", esou de Philip Crowther. Domat hätt hie kënnen oflenken vun de "ville Skandaler an de schlechte Sondagen an den USA".