arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Georges Kraus (Sebes)
Mat der Populatioun wiisst de Waasserverbrauch. Fir 166 Milliounen Euro investéiere de Staat an d'Waassersyndikat "Syndicat des eaux du barrage d'Esch-sur-Sûre" an de Bau vun enger neier Opbereedungsanlag fir Drénkwaasser. D'Sebes liwwert en Drëttel vum Drénkwaasser fir 80% vun der Populatioun. Déi nei Anlag zu Eschduerf ka bis zu 150.000 Kubikmeter den Dag bereet stellen a funktionéiert mat enger neier méi nohalteger Filtertechnik. Den Ingenieur an Direkter Georges Kraus erkläert.