arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Franz Fayot & Diane Adehm
Den LSAP-Deputéierten Franz Fayot an d’CSV-Deputéiert Diane Adehm si sech eens, datt d’Bierger méi en einfachen Zougang zu Informatiounen aus de Verwaltungen solle kréien. Béid Politiker leeë sech awer nach net fest, wei deen Informatiounszougang am Detail soll gereegelt ginn. Dat misst nach an der zoustänneger Chamberkommissioun duerchdiskutéiert ginn, sou déi zwee Deputéiert am Gespréich mam Rick Mertens. An den nächste Wochen soll an der Chamber weider un dem entspriechende Gesetz geschafft ginn.