Invité:e vum Dag
Steve Heiliger
D’Regierung hätt sech nach net dozou geäussert, ob se prett ass d’Stagiaires-Gehälter beim Staat an Zukunft nees voll auszebezuelen. Dat seet den CGFP-Generalsekretär am 100,7-Interview. D’Staatsbeamtegewerkschaft wéilt elo ofwaarden, wei d’Regierung op des Fuerderung reagéiert, esou de Steve Heiliger.
D’CGFP sëtzt sech dofir an, datt een an Zukunft nees dat ganzt Ufanksgehalt ausbezuelt kritt, wann een ufänkt beim Staat ze schaffen. Am Moment kritt ee bannent enger Stage-Period vun 3 Joer just 80-90 Prozent vum volle Gehalt bezuelt. Dat well d’CGFP nees réckgängeg maachen.
2011 wär nämlech mat der deemoleger Regierung ausgemaach ginn, datt d’Stagiairen bannent den éischten 3 Joer lues a lues ugeléiert ginn. Dat wär awer net geschitt: An deene meeschte Verwaltungen géifen d’Leit och während hirer Stage-Zäit als voll Aarbechtskraaft genotzt ginn, esou d’CGFP.
De Steve Heiliger seet d’CGFP hätt net ausgerechent wéi vill et de Staat géing kaschten, wann d’Fuerderung ëmgesat gëtt. Dat wär schwéier soen, well net gewosst ass wéi vill Leit an de nächste Joren beim Staat agestallt ginn.