Haut geet et ëm zwee ganz kleng Wierder, déi am Lëtzebuergeschen erstaunlech vill kënnen. A mir klären, firwat een op d'Fro „Gi mer nach eng Pizza iessen?“ ganz einfach äntwere kann: „Ech wëll.“
S: D’Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis, wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit, „e puer Wierder iwwer Wierder“. Gudde Mëtteg, Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Sees de eis direkt d'Wiwi-Wuert vun haut?
C: Ech wëll!
S: Ech wëll? Dat kléngt elo bal no enger Hochzäit.
C: Jo, do hofft een natierlech ganz besonnesch op de "Jo, ech wëll"! Mee ech mengen en anert ech wëll. Haut sinn et direkt zwee WiWi-Wierder: „ech wëll“. Also stell der vir, ech froen dech: „Gi mer den Owend nach eng Pizza iessen?“ An du sees:
S: Ech wëll.
C: Perfekt. An elo hu mer schonn eppes gemaach, wat am Lëtzebuergesche komplett normal kléngt, wat awer zum Beispill am Däitschen esou net funktionéiert. Do kanns de op „Wollen wir heute Abend Pizza essen?“ net einfach „Ich will“ äntweren, wann s de „ja, gerne“ oder „von mir aus“ mengs.
S: Stëmmt. Mee am Lëtzebuergesche fält engem guer net op, datt dat speziell ass.
C: Fir eis ass ech wëll eng ganz normal positiv Reaktioun: Solle mer nach ee Patt drénken? Ech wëll. Solle mer eng nei Kusch eraussichen? Ech wëll. Et ass meeschtens eng liicht Zoustëmmung, woubäi den Toun an de Kontext relevant sinn.
S: A wou kënnt dee Gebrauch hier?
C: Eng interessant Parallel fënnt een do am Franséischen: moi, je veux bien. Dat ka genee esou eng Zoustëmmung ausdrécken. Dat hei ass elo eng intressant Zort vu Sproochkontakt. Meeschtens mierke mer jo bei Wierder wéi 'Friteuse' virun 2 Wochen, dass mer eppes aus dem Franséischen iwwerhuelen. Heiansdo kann awer och just eng Bedeitung oder Struktur souzesoen als Virlag déngen.
Weess de, bei engem direkte Léinwuert wéi Coiffeuse oder Chauffer erkennt een dacks nach d'Form vun der anerer Sprooch. Bei "ech wëll" ass awer alles Lëtzebuergesch: ech ass Lëtzebuergesch, wëll ass Lëtzebuergesch. Dat Interessant läit am Gebrauch vun der ganzer Konstruktioun. Esou Fäll kënne mer als Léinprägung oder méi spezifesch als semantesch oder strukturell Aflëss duerch Sproochkontakt beschreiwen.
S: Dat heescht, et gëtt näischt Franséisches ze héieren, mee hannendrun kéint awer Franséisch stiechen.
C: Genee. An dat ass eppes, wat ech um Lëtzebuergesche besonnesch spannend fannen. Sproochkontakt bedeit eben net nëmmen, datt mer franséisch Wierder iwwerhuelen. De Kontakt ka vill méi subtil sinn.
An wëllen huet nach eng zweet Eegenschaft, déi interessant ass, wann een op Däitsch wiesselt.
S: Wat dann?
C: Wa mir op Lëtzebuergesch soen „Ech wëll eng Glace“ oder „Ech wëll eng Glace iessen“, dann ass wëllen fir eis ganz normal. Am Däitsche gëtt et awer nieft wollen och möchten: Ich will ein Eis an ich möchte ein Eis sinn net pragmatesch identesch. Ich will ka vill méi direkt oder staark wierken. Dat wierkt souguer bal onhéiflech a fuerdernd.
S: An do kann ee sech als Lëtzebuerger séier verdoen.
C: Jo, well ee ganz natierlech säi lëtzebuergesche Gebrauch mat an dat Däitscht hëlt. Dat ass och Sproochkontakt, just an déi aner Richtung: Strukturen a Gebrauchsweisen aus enger Sprooch kënnen eis beaflossen, wa mer eng aner schwätzen.
S: Du hues gesot, wëllen wier och grammatesch interessant.
C: O jo! Wëllen ass e Modalverb. An d'Modalverbe sinn eng ganz speziell Grupp, fir net ze soe meng Liblingsgrupp! Dozou gehéieren ënner anerem wëllen, kënnen, mussen, sollen an däerfen. Déi sinn net nëmme wichteg fir d'Bedeitung, mee behuelen sech och grammatesch speziell.
Kuck emol op déi éischt Persoun. Bei ville lëtzebuergesche Verbe gesäit een do eng Endung: laachen → ech laach-en, kucken → ech kuck-en schneiden → ech schneid-en. Mee: wëllen → ech wëll. Net ech wëll-en.
Donieft kann ee Modalverben net an de Passiv setzen a se hunn och nach e richtege Preteritum, wat just nach fir ronn 40 Verben am Lëtzebuergeschen de Fall ass, well ca. 6000 déi Form ofgebaut hunn: ech wollt. An nach lauter Saachen, déi ech hei all net opziele kann a fir déi ech warscheinlech och gär eng Tafel hätt, fir se am Detail ze beschreiwen!
S: A weess de, wat ech elo wëll?
C: So mer.
S: Eng Glace!
C: Ech wëll. Glace geet ëmmer, och am November! Mee kuck, lo hate mer an deenen zwee klenge Wierder direkt Sproochkontakt, Bedeitung a Grammaire, de WiWi-Hattrick.
S: An nach eng Futtball-Metapher! Mir soen der merci fir haut, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier, wann s de nei Wierder fir WiWi matbréngs.
C: Merci och! An d’Schlusswuert ass: Äddi!