E puer Wierder iwwer Wierder
Laser
5 min
Et geet beim Caroline Döhmer ëm Ofkierzungen, déi awer ausgesi wéi normal Wierder. Oder hätt Dir gewosst, datt et sech bei "Laser" ëm eng Ofkierzung handelt? Donieft ginn och nach al Dictionnairë virgestallt.
S: D'Caroline Döhmer ass Proff fir lëtzebuergesch Grammaire an Orthografie op der Uni Lëtzebuerg an erzielt eis – wéi den Numm vun der Emissioun et scho verréit – "e puer Wierder iwwer Wierder". Gutte Mëtteg Caroline!
C: Moien alleguer, moie Simon!
S: Haut dréit sech alles ëm de Laser.
C: De Laser gehéiert zu deene Wierder, déi mech selwer iwwerraschen. Et ass nämlech esou, dass et sech bei Laser ëm eng Ofkierzung handelt, also all Buschtaf steet am Fong fir en eenzelt Wuert.
S: A sou?
C: Dës Ofkierzung ass natierlech manner opfälleg wéi souer, déi buschtawéiert ginn, wéi CNS oder PDF, mee och hannerum Laser stécht och esou eng Ofkierzung anzwar steet L fir Light (Luucht), a fir amplification (Verstäerkung), s fir "stimulated" (stimuléiert), e fir "emission" (Emissioun) an r fir "radiation" (Stralung), de Laser ass also "Light Amplification by Stimulated Emission of Radiation".
S: Komplizéiert!
C: Et ass och e Fun Fact, deen ech mer selwer schwéier verhale kann, well et och sou eng laang Form ass. Gemengt ass awer de Prozess, wéi de Laser fonctionéiert: Et ass eng Liichtverstäerkung durch eng stimuléiert Stralenemissioun.
S: An ass dat méi en neit Wuert?
C: Kucke mer mol, säit wéini et de Laser iwwerhaapt gëtt. Deen éischten erfollegräichen Asaz vu Laserstralung war 1960 mat engem Rubinkristall. A wann ech elo "Laser" am Dictionnaire sichen, da fannen ech en am LOD, also am modernen online Dictionnaire, awer och am LWB – Luxemburger Wörterbuch (vun 1970) – an am WLM – Wörterbuch der Luxemburgischen Mundart (vun 1906).
S: Wéi kann dann de Laser schonn an engem Dictionnaire vun 1906 stoen, wann et réischt 1960 erfonnt gouf? Ass dat e Räätsel elo?
C: Am Fong ass et méi en Hiweis dorop, dass ee Saachen ëmmer iwwerpréiwe soll.
S: Muss de eigentlech ëmmer an all Dictionnaire bliedere goen, éier s de eppes fënns iwwer déi Wierder?
C: Dat wier d'Linguistik virun 30 gewiescht, haut kënne mer dat zum Gléck mat digitaliséierte Ressourcë maachen.
S: An dat kann all Mënsch vun doheem aus maachen?
C: Et geet een einfach op dico.uni.lu an do sinn dann déi digitaliséiert Dictionnairë vum Lëtzebuergeschen, vun 1847 bis haut.
S: An du sees, dass mer do de Laser dran hunn, obwuel et deen 1906 nach guer net gouf?
C: Richteg, wann ech op dico.uni.lu "Laser" aginn, da fannen ech 3 Dictionnairen, déi dat Wuert hunn. Wann ech awer méi genee kucken an déi Saachen uklicken, da gesinn ech, dass de "Laser" am Fong just am LOD steet. Witzegerweise heescht dat Wuert och an alle Sproochen d'selwecht: Englesch, Däitsch, Franséisch, Portugisesch.
Zréck awer bei déi al Dictionnairen, 1970 an 1906. Do steet och Laser dran, mee …
S: Lo sinn ech gespaant.
C: Et ass en Uertsnumm hei vir an der Belsch an och bei Tréier an dat schwätzt een natierlech net Laser aus, mee Laser.
S: A wéi heeschen déi Dierfer haut? Well dat seet mer lo näischt.
C: Se si jo och net extra grouss, mee dat hei vir an Däitschland ass Langsur (Landkreis Trier-Saarburg) an dat an der belscher Provënz Luxembourg ass Longeau oder och Langwasser. Mat der lëtzebuergescher Bezeechnung: Laser.
An nach eng Quizfro um Enn zu den Ofkierzungen, iwwer déi mer am Ufank geschwat haten: Firwat steet CNS?
S: ___
C: An de PDF?
S: ___
C: PDF ass bësse méi komplizéiert, well et manner transparent ass: Portable Document Format. An der Laser kéint ech der d'nächst Woch bestëmmt schonn net méi aus dem Kapp soen.
S: Alt nees eppes geléiert! Da soe mer der merci, Caroline, a freeën eis op déi nächst Kéier!
C: Merci och! An d'Schlusswuert ass: Äddi!
Presentéiert vum
- Simon Larosche
Episoden
Veterinär
Et geet dës Kéier ëm al Déieren an den Ursprong vum Wuert Veterinär.
Rüg
Et geet ëm e Wuert, dat aus dem Däitsche kënnt, mee ganz à la française eriwwerkënnt. Donieft geet et och ëm Konsonanten.
Nonfoutisme
Et geet ëm Leit, déi näischt foutéieren a franséisch Wierder, déi eigentlech just nogebaut sinn.
Kompost
Dës Kéier geet et ëm Linguistik, Uebst a Kompost.
Aasch
Et geet ëm deen Allerwäertesten.
random
Et geet dës Kéier ëm random Froen, Musekslëschten an och d'Siri
Labello
Ee vu ville Beispiller, bei deenen de Markennumm benotzt gëtt fir e Produit ze beschreiwen.
Batti
An et geet ëm Ausdréck wéi Tutebatti oder Schnësskättien
net
Dës Kéier geet et ëm d'Negatioun an ëm e Phenomeen, dat Skopus heescht.
Shampooing
Dir gitt ënner anerem gewuer, wat den No-Poo-Trend ass.
Schantjen
An dëser Episod geet et ëm de Schantjen an d’Chrëschtkëndchen, a firwat dat eent souzesoen eng falsch Verklengerungsform ass.
Joffer
An dëser Episod geet et ëm Jofferen, Jongfraen a Weltbiller aus de 50er-Joren
Landkaart
Et geet ëm Päiperleken, Betounungen a Flilleken.
Goût
Et geet ëm Inselen, Reformen a franséisch Hittercher
Zäitchen
An dëser Episod geet et ëm Wierder, déi just esou maachen, wéi wa se kleng a léif wieren.
Luxemburgistik
Wat steet eigentlech hanner de Wierder mat -istik, a wéi si si an der Luxemburgistik gelant?
Uhrzeigersënn
Haut dréit sech alles ëm den Uhrzeigersënn a Wierder, déi mer aus anere Sproochen iwwerhuelen
Witzbold
Haut geet et ëm d'Fro, wien eigentlech de '-bold' am 'Witzbold' ass
Witz
Dir kennt bestëmmt deen een oder anere Witz, meewësst Der och, wouhier d'Wuer 'Witz' kënnt?
Dosen
Wouhier kënnt dat Wuert? Et geet op eng Rees duerch verschidden europäesch Sproochen.
- 1
- 2